Loscht op Mord

By: Charel Krier Julie Gerard
  • Summary

  • "Loscht op Mord" - een True Crime Podcast op Lëtzebuergesch. De Charel an d‘Julie presentéieren iech déi spektakuläerst a spannendst Kriminalfäll aus aller Welt. An den eenzelen Episode gëtt d’Geschicht ronderëm dës Mordfäll an hir Affer opgerullt. Mee si kucken och ëmmer nees op d‘Täter, a wéi si hir Dote begaangen hunn. An all Episod widmen déi Zwee sech engem anere Fall, bei dem si sech op Fakte ronderëm dëse beruffen, a loossen dobäi awer och hir eegen Usiichten an Interpretatiounen mat afléissen.
    Eldoradio
    Show more Show less
activate_Holiday_promo_in_buybox_DT_T2
Episodes
  • Episod 92 - Crime Fails 2.0
    Sep 22 2024
    Mir hu fir dech erëm d'Crème de la crème vun de net sou intelligente Verbriecher erausgesicht. Et sinn erëm Crime Fails bei deenen d'Verbriecher sech ganz blöd ustellen. Wat déi gemaach hunn a wat alles geschitt ass erziele mir dir an dëser bëssi méi witzeger Episod.
    Show more Show less
    43 mins
  • Episod 91 - D'Geiselnam vu Cheshire
    Sep 8 2024
    Den 22. Juli 2007 ass fir d'Famill Petit ee Sonndeg wéi all aneren och, si ginn hirer Traditioun no, dass eent vun de Kanner fir d'Famill kacht. Dobäi wëssen se net, dass d'Gefor direkt virun hirer Dier lauert. Zwee Abriecher waarden nëmmen drop, dass d'Famill schlofe geet, fir dass si an d'Haus kënnen. Wéi et dann sou wäit ass, eskaléiert alles an aus dem Abroch gëtt en Iwwerfall an aus dem Iwwerfall gëtt eng Geiselnam mat grausame Qualen. Wat do alles geschitt an och schif gelaf ass, gëtt een an dëser Episod gewuer.
    Show more Show less
    34 mins
  • Episod 90 - Besiess vum Christina Grimmie
    Aug 11 2024
    D'Christina Grimmie ass fir deen een oder aneren e Begrëff, hatt war eng jonk talentéiert Sängerin aus deen USA, dat 2014 duerch The Voice an den USA bekannt ginn ass. De 27 järege Kevin James Loibl, e scheien Typ, deen sech éischter zeréckgezunn huet, huet 2015 ugefaangen absolut besiess vum Grimmie ze sinn. Dat geet esou wäit, dass hien 2016 no engem Concert d'Christina fir d'éischt erschéisst an dono sech selwer d'Liewen hëlt. Alles iwwert dee Fall gëtt et an dëser Episod.
    Show more Show less
    47 mins

What listeners say about Loscht op Mord

Average customer ratings

Reviews - Please select the tabs below to change the source of reviews.