Gamer Things Podcast By Patrick Junio Mike Winter Marc Hermes Eldoradio cover art

Gamer Things

Gamer Things

By: Patrick Junio Mike Winter Marc Hermes Eldoradio
Listen for free

About this listen

Dräi Gaming Nerds setzen sech zesummen a philosophéieren doriwwer wat grad alles an der Gamingwelt geschitt. Zousätzlech dozou erzielen si iech wat all Mount am PS Plus ze kréien ass a wéi eng Pärelen sech all Mount am XBOX GamePass befannen. Wann dir dann och nach déi eng oder di aner Review héiere wëllt, da sidd dir beim Petz, Marc a Winmi genau richteg.Eldoradio Science Fiction
Episodes
  • Episod 99 - Elden Ring, Battlefront & TLOU
    Jun 4 2025
    Nei Welten a bekannte Geschichten: An dëser Episod vu Gamer Things geet et richteg zur Saach! 🎮 Mir diskutéieren déi spannendsten Neiegkeeten aus der Gaming-Welt: • 🗡️ Elden Ring: Nightreign – Dëse Standalone-Titel am Elden Ring-Universum bréngt nei Gameplay-Elementer an en 3-Spiller Koop-Modus. • 🌌 Star Wars Battlefront 3 – Gerüchter iwwer eng méiglech Fortsetzung maachen d’Ronn, nodeems een Ex-Entwéckler Undeitung gemaach huet. EA fokusséiert sech an där Zäit op aner Franchisen, wat d’Zukunft vun Battlefront 3 onsécher mécht. • 🏰 Tower Dominion – Dëst roguelike Tower-Defense-Spill kombinéiert strategeschen Terrain-Design mat dynamesche Verdeedegungssystemer an dat mat 30 Helden an engem endlosen “Frontier Mode”. • 🍄 Saison 2 vun The Last of Us – D’Finale huet mat engem dramatesche Cliffhanger opgehalen. Dobäi ass d’Zukunft vun Ellie an Abby onsécher bliwwen. D’Serie gouf fir eng drëtt Saison verlängert, déi gëtt Enn 2026 oder Ufank 2027 erwaart. 🎧 Lauschter eran a bleif um neiste Stand vum Gaming-Universum – op Lëtzebuergesch!
    Show more Show less
    1 hr and 15 mins
  • Episod 98 - DOOM THE DARK AGES ass doo(m) a GTA VI ass schéin
    May 21 2025
    Eng gutt gefëllten Episod gëtt et dës Woch: esou ass zum Beispill DOOM The Dark Age released an huet, trotz fantastesche Reviews, duerch säi Präis d'Debatt ronderëm 80 Euro-Games weider ugefacht, GTA 6 huet alt nees eise Podcast gelauschtert an eise Wonsch no engem neien Trailer erhéiert an de Mike schwäermt an den allerhéchsten Téin vu Clair Obscur. Dat alles a vill méi an dei neier Episod vu Gamer Things. LFG!
    Show more Show less
    54 mins
  • Episod 97 - GTA 6 réischt 2026! Ass CLAIR OBSCUR also GOTY?
    May 7 2025
    Et ass souwäit: GTA 6 gouf op de Mee 2026 verluecht (dem MARC seng Schold) a souguer deen Delay huet Afloss op déi gesamt Gaming-Industrie an dat dann och op d'Game of the Year. Domat sinn d'Chance fir CLAIR OBSCUR EXPEDITION 33 opjiddefalls mol geklommen. Mat ARC Raiders steet een neie Kandidat fir d'Extraction-Kroun virunder Dier a Gaming-Newssäite kämpfe géint den Ënnergang. Dat a nach villes méi an der neitster Episod Gamer Things! Have fun!
    Show more Show less
    1 hr and 10 mins
adbl_web_global_use_to_activate_T1_webcro805_stickypopup
No reviews yet