Episodes

  • Episod 81 - CONCORD schlëmmer wéi geduecht? BATTLEFIELD Hopium start!
    Sep 25 2024
    De grousse Sony-Flop CONCORD huet anscheinend nach vill méi kascht wéi bis elo ugeholl, de Vince Zampella an EA hunn éischt Informatiounen iwwert den nächsten BATTLEFIELD verëffentlecht, an allerhand méi kleng Themen hu mir haut um Programm. Vill Spaass a Good Game.
    Show more Show less
    1 hr and 8 mins
  • Episod 80 - Concord ass schlecht an SW Outlaws ass esou schlecht wéi se soen
    Sep 10 2024
    Negativitéit ass modern! D'Leit schéngen sou verwinnt, se kritiséieren mëttlerweil Alles! D'Jongen vun Gamer Things bléiwen do léiwer um Buedem an weiderhinn mam vollen Duechbléck. Concord, en AAA Game ass no 2 Wochen schon annuléiert. Black Ops présentéiert omni-movement, Star Wars Outlaws gett aus Loscht an Laun schlecht geschwaat an Black Myth Wukong weist (spillerech) dass et nach geet wann een well. Lauschtert eran an schwäetzt matt beim neien Episode Gamer Things!
    Show more Show less
    1 hr and 9 mins
  • Episod 79 - Gamescom, Gamescom, Gamescom
    Aug 28 2024
    Et war erëm Zäit fir d'Gamescom a genau dowéint gëtt et fir dës Woch nëmmen een Thema...
    Show more Show less
    1 hr and 40 mins
  • Episod 78 - Summerlach? Zäit fir d'Update-Season
    Aug 14 2024
    Mir fëllen däi Summerlach trotz de schweessegen Temperaturen awer mat Genoss, andeems mir dir vun de gudden a schlechten Updates an der Gaming-Welt erzielen. Op där enger Säit steet mat THE WAR WITHIN eng WOW Expansion virun der Dier an dem Marc säi Liblingsspill APEX PREDATORS kritt en Update. Op där anerer Säit geet et leider ëmmer nach weider mat den Entloossungen an der Gaming-Industrie, et huet nämlech lo ënner anerem BUNGIE getraff.
    Show more Show less
    1 hr and 9 mins
  • Episod 77 - Throne and Liberty, Tempest Rising, Betas an Updates a villes méi!
    Jul 31 2024
    De Petz huet e Review iwwert d'Open Beta vun "Throne and Liberty", a verréit wat him ganz gutt gefall huet. Gëtt "Tempest Rising" den Impuls fir en RTS Revival? Den Update vun "Helldivers 2" an "No Man's Sky" gëtt beschwat, an doriwwer, dass SBMM villäicht awer eng Noutwennegkeet ass? Lauschtert/Kuckt an déi nei Episod vu Gamer Things eran!
    Show more Show less
    1 hr and 16 mins
  • Episod 76 - THE FIRST DESCENDANT just eppes fir d'Aen? D'Flemm mat Gaming-Shenanigans?
    Jul 17 2024
    Eis Gamer maachen sech Gedanken iwwert d'Gaming-Industrie, ënnert anerem iwwert de Release vum neie Looter-Shooter THE FIRST DESCENDANT, mee och iwwert d'Ukomme vum neien Doppel-Battlepass fir APEX LEGENDS. De Mike schwäermt awer och (zur Ofwiesslung) mol rëm iwwert ELDEN RING, et ass also net alles schlecht. ;)
    Show more Show less
    1 hr and 2 mins
  • Episod 75 - ELDEN RING DLC, Dr Disrespect an Tarisland!
    Jul 3 2024
    D'Jungs klaatschen an traatschen iwwert den Downfall vun engem vun de gréisste Streamer dëser Deeg: dem Dr. Disrespect, den Elden Ring DLC a säi Reviewbash, ob dee gerechtfertegt war oder net. Dozou kënnt Tarisland, den Ënnergang fir WoW? Lauschtert eran, a schwätzt mat!
    Show more Show less
    1 hr and 5 mins
  • Episod 74 - Ee Showcase nom aneren
    Jun 19 2024
    Microsoft, Ubisoft a Sony hunn nei Spiller virgestallt an dann si mir natierlech dobäi a ginn déi wichtegst Saachen zesummen duerch...
    Show more Show less
    1 hr and 30 mins